![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/62/Friddensgeriicht_Cite_judiciaire.jpg/640px-Friddensgeriicht_Cite_judiciaire.jpg&w=640&q=50)
Friddensgeriicht (Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Friddensgeriicht (Justice de paix) ass eng vun de Geriichtsinstitutioune vun der Lëtzebuerger Justiz.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/62/Friddensgeriicht_Cite_judiciaire.jpg/640px-Friddensgeriicht_Cite_judiciaire.jpg)
Et gëtt Friddensgeriichter an der Stad Lëtzebuerg, zu Dikrech an zu Esch, deenen hir Kompetenz geographesch ass. Vu 1795 bis 1972 gouf et där awer souguer an all Kanton.
Déi warscheinlech gréisst Eegenaart vum Friddensgeriicht ass, datt een do keen Affekot brauch. Et gëtt och kee Riichterkollegium, et sëtzt ëmmer nëmmen een eenzege Riichter. D'Verhandlunge sinn alleguer mëndlech.