From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Cité judiciaire steet um Helleg-Geescht-Plateau an der Stad Lëtzebuerg. An hir sinn eng Partie Justizinstanzen a Justizverwaltungen ënnerbruecht. Architekte waren d'Bridder Rob a Léon Krier.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | L-2080 Luxembourg |
Adress | Helleg-Geescht-Plateau |
Koordinaten |
49° ’ ’’ N ° ’ ’’ O |
Baustil | . |
Architekt(en) |
Rob a Léon Krier mam Christoph Kohl an Architecture et Environnement |
Datum vum Bau | 2003-2008 |
Opgaangen | 6. Oktober 2008 |
D'Iddi ass 1991 entstanen, wéi de Regierungsrot de Bauteministère beoptraagt huet, en neie Justizpalais um Helleg-Geescht-Plateau ze plangen. 1993 gouf d'Iddi vun engem Justizpalais fale gelooss zu Gonschte vun enger ganzer Cité aus aacht Gebaier, mat dem Zil, eng besser Integratioun an der Uewerstad z'erreechen.
An de Joren duerno huet en Desaccord tëscht dem Staat an der Stad Lëtzebuerg den Ufank vun de Bauaarbechte schleefe gelooss. Et goung dobäi ë. a. ëm d'Plaz selwer (d'Stad huet eng Zäit laang déi iwwerdeckelt Zuchgleiser zu Bouneweg virgezunn), d'Ausgesinn (en Tuerm, dee virgesi war, gouf aus dem Projet gestrach, d'Fassaden hu missen ugepasst ginn) an e en Impakt op d'Klasséierung vun der Alstad als UNESCO-Weltkulturierwen hunn (d'Unesco huet schliisslech gréng Luucht ginn).
De Grondstee gouf de 7. Oktober 2003 vun den deemolege Regierungsmemberen Erna Hennicot-Schoepges a Luc Frieden geluecht[1]. De Chantier hätt sollen 2006 ofgeschloss ginn, huet awer bis an déi zweet Hallschent vun 2008 gedauert. Am Juli 2008 sinn déi éischt Servicer eriwwergeplënnert; de 6. Oktober 2008 gouf d'Cité judiciaire offiziell ageweit.
Baussen um Gebai vun der Cour Supérieure de Justice si véier Statuen op Sailen, déi d'Qualitéit "verschimmt", "am Gaang ze lauschteren", "am Gaang, z'ermanen" an "um Qui-vive" duerstellen. Opfälleg sinn och déi véier faarweg Vasen aus Edelstol vum Horst Glaesker, déi déi véier Elementer, d'"Grondprinzippie vun der Welt", symboliséiere sollen.[2]
Justizinstanzen an der Cité judiciaire:
Commons: Cité judiciaire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.