franséische Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De François Gérard Georges Nicolas Hollande, gebuer den 12. August 1954 zu Rouen, ass e franséische Politiker.
François Hollande | |
---|---|
Gebuertsnumm | François Gérard Georges Nicolas Hollande |
Gebuer |
12. August 1954 Rouen |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Universitéit Panthéon-Assas, Institut d'études politiques de Paris, HEC Paris, École nationale d'administration |
Aktivitéit | Staatsmann |
Partei | Parti socialiste |
Famill | |
Bestuet mat | Julie Gayet |
Liewenspartner(in) | Ségolène Royal, Julie Gayet |
Papp | Georges Hollande |
Mamm | Nicole Tribert |
Kanner | Julien Hollande, Flora Hollande, Thomas Hollande, Clémence Hollande |
De 6. Mee 2012 gouf hien zum President vun der Republik gewielt.
Hie war vun 1997 bis 2008 Éischte Sekretär vun der franséischer Sozialistescher Partei (PS). Hie war och vun 1988 bis 1993 an dann nees zanter 1997 Deputéierten an der Assemblée nationale fir de Walbezierk Corrèze. Vun 2001 bis 2008 war hie Buergermeeschter vun Tulle a vum 20. Mäerz 2008 bis den 11. Mee 2012 President vum Conseil général de la Corrèze.
Bei de Presidentschaftswalen 2012 war hien de Kandidat vu senger Partei a gouf de 6. Mee 2012 mat 51,63 % vun de Stëmmen am zweeten Tour géint den amtéierende President Nicolas Sarkozy gewielt. Hie gouf domat de 24. President vun der franséischer Republik an de 7. President vun der Fënnefter Republik.
De François Hollande war 30 Joer onbestuet mat der Ségolène Royal, der sozialistescher Presidentschaftskandidatin vun 2007, zesummen, mat där e 4 Kanner huet. Hie war vun ~2005 bis Ufank 2014 an enger Relatioun mat der Journalistin Valérie Trierweiler. Zanter 2014 ass hie mat der Actrice a Produzentin Julie Gayet liéiert.
Commons: François Hollande – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.