![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c8/Quellgebitt_Fooschtbaach.jpg/640px-Quellgebitt_Fooschtbaach.jpg&w=640&q=50)
Fooschtbaach
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fooschtbaach ass eng kleng belsch-lëtzebuergesch Baach an der Gemeng Ëlwen an an der Provënz Lëtzebuerg.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c8/Quellgebitt_Fooschtbaach.jpg/640px-Quellgebitt_Fooschtbaach.jpg)
Se huet hir Quell am Nordoste vu Beesslek um Flouer Helven nieft dem CR337 op enger Héicht vu ronn 490 Meter. Vun do leeft se a Richtung Nordwesten, eng Zäit laang parallel mat der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Gouvy, fir tëscht de Gossemaarken LB 281 an LB 282 an d'Belsch ze lafen.
Eng ronn 1.500 Meter duerno leeft se dann net wäit vum fréieren Y vun den Eisebunnsstrecken Rivage-Gouvy a Libramont-Sankt Vith, an d'Ourthe orientale.
Et ass domat zu Lëtzebuerg nieft der Kuer an hiren Niewebaachen eng vun den eenzege Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert.
D'Quellgebitt vun der Fooschtbaach stellt e Fiichtgebitt mat enger grousser Biodiversitéit duer, dat zum Natura-2000-Vulleschutzgebitt “Vallée de la Woltz et affluents de la source à Troisvierges” (LU0002001) gehéiert.[1] 2019 gouf zousätzlech d'Naturschutzgebitt Hautbellain-Fooschtbaach gesetzlech festgeluecht.