Fiicht
Nolebam / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fiicht oder Ficht (Picea abies) ass en Nolebam aus der Famill vun de Pinacea vun der Gattung Picea (Fiichten).
Eng Fiicht | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Nolholzplanzen |
Uerdnung | Pinales |
Famill | Pinaceae |
Gattung | Fiichten |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Picea abies | |
(L.) - H.Karst | |
Fiichte gi gewéinlech 35-40 Meter héich, méi seele bis zu 60 m. De Stamm huet en Duerchmiesser vu gewéinlech net méi wéi 1.5 m. Si kënnen 300-400 Joer al ginn, méi rar bis zu 500 Joer. 2008 gouf a Schweden allerdéngs eng Fiicht entdeckt, déi ëm déi 8.000 Joer al ass[1].
D'Fiicht kënnt praktesch a ganz Europa vir, vun den Alpe bis a Lappland, am Balkan, an a Russland. Am Oste geet se lues a lues an déi sibiresch Fiicht (Picea obovata) iwwer.
Se wiisst als jonke Bam zimmlech séier, dacks mat Schëtz vun iwwer engem Meter, bis op eng Héicht vun ongeféier 20 Meter. Duerno geet de Wuesstem méi lues. Wéinst hirer gudder Masseleeschtung, plazeweis dräimol méi wéi d'Bichen, a well d'Holz fir vill Zwecker gebraucht ka ginn, gouf s'am Laf vun der Zäit wäit iwwer déi Gebidder, an deene se natierlech virkënnt ugebaut. Dat ass de Fall fir West- an Nordwestdäitschland, zu Lëtzebuerg virun allem am Éislek, an an der Belsch an a Frankräich an den Ardennen. Do huet se op ville Plazen déi Holzaarten, déi natierlech do wuesse verdriwwen.
D'iewescht Bamgrenz vun der Fiicht, läit am Schwarzwald bei 1.400 m, am bayeresche Wald bei 1.300, an an den Alpen tëscht 1.600 an 1.800 m.