Éislek
geographesch Regioun am Norde vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Éislek ass den nërdlechen Deel vu Lëtzebuerg.
Et ass de lëtzebuergeschen Numm vun der geologescher Formatioun, déi "Rhäinesche Schifer" genannt gëtt, an déi sech vu Frankräich duerch d'Belsch a Lëtzebuerg bis eriwwer an Däitschland zitt.
A Frankräich heescht se "Ardennes", an der Belsch "Ardenne" (an der Eenzuel), an Däitschland "Eifel". "Schnee-Eifel" oder "Schneifel" bezeechent an Ostbelgien an an Däitschland déi héchst Deeler vun der Eifel. De Grenzraum zu eisem Éislek heescht an Däitschland "Islek" an am südlechen Deel vun Ostbelgien "Eeslek". Den Numm "Öslingen" soll nom Historiker Nik Welter vum kelteschen "Osninga" kommen[Source?], wat "Biergzuch" bedeite géif. D'Ardenne huet der keltescher Gëttin Arduinna hiren Numm ginn: d'Wuerzel ard an der keltescher Sprooch, awer och an aneren indoeuropäesche Sproochen (Latäin, z. B.), bedeit héich, schwéier ze erklammen.