Fernand Kartheiser
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fernand Kartheiser, gebuer den 30. September 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker, Militärwëssenschaftler an Auteur.
Fernand Kartheiser | |
---|---|
Pseudonym | Fernand Le Chartreux |
Gebuer |
30. September 1959 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Duebelagent |
Partei | ADR |
Hien huet Sozial- a Militärwëssenschaften op der École royale militaire zu Bréissel studéiert, spéider Geschicht op der Universitéit vu Montpellier.
Vun 1983 bis 1989 war hien Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi. Hien ass duerno an den diplomateschen Déngscht gaangen a war lëtzebuergeschen Ambassadeur fir Griicheland, Zypern a Rumänien.
Zanter dem 8. Juli 2009 ass hien ADR-Deputéierten fir de Walbezierk Süden an der Chamber, wuer hien 2013, 2018[1] an 2023[2] erëmgewielt gouf. 2024 huet hie fir d'Europawale kandidéiert a gouf, fir d'éischt fir en ADR-Member, an d'Europäescht Parlament gewielt, wou hie Member vun der EKR-Fraktion gouf.[3] Dofir huet hien den 11. Juni 2024 säi Chambermandat un den Dan Hardy ofginn.
De Fernand Kartheiser ass President vun der Association des hommes du Luxembourg. Hie war vun 2012 bis 2013 President vun der ADR.
De 7. Juni 2013 huet d'Lëtzebuerger Land reveléiert, datt de Kartheiser Duebelagent fir den CIA an de russesche Geheimdéngscht GRU war; dee Betraffenen huet dat op RTL Radio confirméiert[4].
Zënter dem 22. Januar 2024 ass hien ee vun de Lëtzebuerger Vertrieder an der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot an ass do Member am Grupp vun den Europäesche Konservativen an Demokratesch Allianz (EC/DA).[5]