Den FC Mamer 32 (F.C. Mamer 32) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Mamer. De Veräi gouf 1932 als Jeunesse Mamer gegrënnt. Den Numm gouf awer schonn d'Joer drop, 1933, op deen haitege geännert.
FC Mamer 32 | ||||
Offiziellen Numm: | Football Club Mamer 32 | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Rout-Wäiss | |||
Grënnung: | 1932 | |||
Stadion: | Stade Francois Trausch, Mamer | |||
Plazen: | 1 750 | |||
President: | Guy Dauphin | |||
Trainer: | Patrick Biergen | |||
Liga: | Éierepromotioun | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | 10. Plaz | |||
|
Mamer huet nieft de Seniorsekippe vun de Männer och eng Fraenekipp.
Chronologeschen Iwwerbléck
- 1932: Den FC Mamer 32 gëtt gegrënnt
- 1956: Avancement an d'Promotioun, déi zweethéchst Spillklass zu där Zäit
- 1967: Grënnung vum Supporterclub 67
- 1968: Champion an der 3. Divisioun an Avancement an 2. Divisioun
- 1971: Champion an der 2. Divisioun an Avancement an 1. Divisioun ënner dem Spillertrainer Roland Christen. Erreeche vun der Siechzéngtelsfinall vun der Coupe de Luxembourg géint de Lëtzebuerger Rekordmeeschter Jeunesse Esch.
- 1976: Aweiung vum neien Terrain mat engem Galamatch tëscht dem Bundesligist FC Saarbrécken an der Red Boys Déifferdeng. Den Terrain gouf méi spéit op den Numm Stade Francois Trausch, Grënnungsmember a fréiere Buergermeeschter, gedeeft.
- 1977: Champion an der 2. Divisioun an Avancement an 1. Divisioun, wou se sech dräi Joer hale konnten.
- 1982: Fofzegjäregt Bestoe mat Fändelswei. Ofstig an 3. Divisioun
- 1983: Erëm an 2. Divisioun geklommen.
- 1986: Grënnung vun enger Veteranenekipp
- 1987: Definitiv Grënnung vun enger Jugendkommissioun
- 1992: Avancement an 1. Divisioun wou d'Ekipp sech etabléiere konnt
- 1994: Aweiung vun der neier gedeckter Tribün
- 1995: Trophée Fair-Play vun der 1. Divisioun
- 1998: Grënnung vun der Dammenekipp
- 2000: Champion an der 1. Divisioun an éischten Avancement an d'Éierepromotioun, aus där de Veräin no där Saison erëm gefall ass.
- 2002: Trophée Fair-Play vun der 1. Divisioun
- 2004: Aweiung vum neie syntheeteschen zweete Foussballsterrain, deen op den Numm Georges Schumann gedeeft gouf
- 2005: Champion an der 1. Divisioun an zweeten Avancement an d'Éierepromotioun
- 2005: 1. Titel an der Veräinsgeschicht - D'Dammenekipp vum F.C. Mamer 32 gewënnt d'Coupe de Luxembourg
- 2006: Duerch e 4:3 beim Eelefmeterschéisse géint Rëmeleng zu Schëffleng virun 1 000 Spectateure. Den FC Mamer spillt 2007 an der Nationaldivisioun. D'Dammenekipp mécht den Doublé (Champion a Coupe)
- 2007: D'éischt Seniorsekipp fält nees an d'Éierepromotioun; zweeten Doublé fir d'Dammen
Dammenekipp
D'Dammenekipp vu Mamer ass 2007 ouni Punktverloscht Champion ginn an huet anengems nach -scho fir drëtt Joer hannereneen- d'Coupe gewonnen.
Nationale Palmarès
- Champion (2x): 2006, 2007
- Gewënner (3x): 2005, 2006, 2007
Um Spaweck
(fr) Websäit vun der Dammenekipp vum FC Mamer 32
Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2019/20 | ||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.