Eurovision Song Contest 2022
66. Editioun vum europäesche Museksconcours / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 66. Eurovision Song Contest (gekierzt ESC) war vum 10. bis de 14. Mee 2022 am PalaOlimpico an der italieenescher Stad Turin, nodeems déi italieenesch Rockband Måneskin mam Lidd Zitti e buoni den Eurovision Song Contest 2021 zu Rotterdam gewonnen huet.[2] Et war déi drëtt Kéier, datt Italien de Concours organiséiert.
Méi Informatiounen 66. Eurovision Song Contest ...
66. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | The Sound of Beauty (De Klang vun der Schéinheet) |
Datum | 10. Mee 2022 (éischt Halleffinall) 12. Mee 2022 (zweet Halleffinall) 14. Mee 2022 (Finall) |
Gaaschtland | Italien |
Stad | Turin |
Gebai | PalaOlimpico |
Organisateur | |
Moderatioun | Laura Pausini Alessandro Cattelan Mika |
Executive Supervisor | Martin Österdahl |
Opening Act | Halleffinall 1: Eng Nummer déi italieenesch Erfindung a Kreativitéit weist Sherol Dos Santos: The Sound of Beauty Halleffinall 2: Alessandro Cattelan: The Italian Way (Humoristeschen Ode un italieenesch Handgesten) Finall: Rockin' 1000: Give Peace a Chance Laura Pausini: Benvenuto, Io canto, La solitudine, Le cose che vivi an Scatola Fändelparad vun de 25 Finaliste |
Interval Act | Halleffinall 1: Dardust, Benny Benassi a Sophie and the Giants: Horizon in Your Eyes, Satisfaction a Golden Nights Diodato: Fai rumore Halleffinall 2: Laura Pausini a Mika: Fragile a People Have the Power Il Volo: Grande amore Finall: Måneskin: Supermodel an If I Can Dream Gigliola Cinquetti: Non ho l'età Mika: Love Today, Grace Kelly, Yo Yo an Happy Ending |
Zuel vu Länner | 40 |
Gewënner | Kalush Orchestra |
Nei Participatiounen | keng |
Participanten déi zeréckkoumen | Armenien Montenegro |
Participatiounen zeréckgezunn | keng |
Disqualifizéiert Participanten | Russland[1] |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, zweemol 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder. |
Zoumaachen
De Gewënner war d'Band Kalush Orchestra aus der Ukrain mat 631 Punkten.