Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Eukelade (och Jupiter XLVII) ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 1 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.661.000 km |
Periapsis | 17.225.200 km |
Apoapsis | 30.096.800 km |
Exzentrizitéit | 0,272 |
Ëmlafzäit | 746,4 Deeg |
Ëmlafvitess | 746,4 km/s |
Inklinatioun | 165,5° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,6 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 5. Februar 2003 |
Den S/2003 J 1 gouf de 5. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound ktut den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) den offiziellen Numm Eukelade (no der Eukelade, enger Duechter vum Zeus).
Den Eukelade kreest a 746 Deeg an 10 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.661.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,272. Mat enger Schréi vun 165,5° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Eukelade der Carme-Grupp, nom Jupitermound Carme genannt, zougedeelt.
Den Eukelade huet en Duerchmiesser vu ronn 4 km. Seng Dicht gëtt, wann ee vun engem Opbau aus Silikatgestengs ausgeet, op 2,6 g/cm³ geschat. Seng visuell Magnitude ass 22,6m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.