Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eechen zu Munzen sinn zwou Wantereechen (Quercus petraea, (de) Traubeneiche; (fr) chêne sessile, chêne rouvre) déi zu Munzen an der Gemeng Klierf stinn an déi wéinst hirem Alter an och dem Ëmfeld an deem se stinn – eng Wisen- an Heckelandschaft beim Duerf – zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.
Eechen zu Munzen | |
---|---|
Déi zwou Eechen an hirem Ëmfeld (Abrëll 2008) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Klierf |
Plaz | Munzen |
Adress | Grossenpesch |
Koordinaten | 50°1'58,98"N, 6°2'4,67"O |
Bamaart | Eechen, Wantereech |
Héicht | 25 m (2000) |
Duerchmiesser | 0,58 m (2000) |
Ëmfang | 1,81 m (2000) |
D'Eeche stinn an der Sektioun Munze vun der Gemeng Klierf, am Flouer Grossenpesch, ronn 200 m hanner dem fréiere Gemengenhaus, am Weste vum Duerf.
Den Alter vun den Eechen ass net bekannt, däerft awer 200 Joer erreechen.
2008 konnt ee gesinn, datt déi zwéin Haaptäscht vun der déckster Eech mat engem stole Seel geséchert sinn. Déi ënnescht Eech huet den déckste Stamm an ass bannen huel.
Joer | [1] | Bemierkung | ||
---|---|---|---|---|
2000 | 1,81 | 0,58 | 25,00 | südleche Bam |
1,49 | 0,47 | 24,00 | nërdleche Bam |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Mat senge 25 m ass den ënneschte vun deenen zwéi Beem déi véiertdéckst Eech zu Lëtzebuerg (no den Eechen zu Heeschbreg, um Bicherhaff an zu Kaalmes)(Stand 2000).
Commons: Eechen zu Munzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.