Dräikinneksdag
Dag no Chrëschtdag / From Wikipedia, the free encyclopedia
Dräikinneksdag ass de 6. Januar. Um 13. Dag no Chrëschtdag feieren d'Chrëschten d'Epiphanie ((la) epiphania domini), d. h. d'Siichtbarginn vu Gott am Jesuskand dat op Chrëschtdag gebuer gouf. Dëst kënnt an der Liturgie zum Ausdrock am Text Mt 2,1-13a an deem Geléiert aus dem Oste bei d'Jesuskand kommen, him Kaddoe bréngen an an him de Messias erkennen. D'Traditioun huet aus de Geléierten aus dem Osten dräi Kinneke gemaach, déi allen dräi e verschiddenen Alter hunn (e Jonken, en Erwuessenen an en Eeleren) an nach méi spéit aus dräi Kontinenter (Europa, Asien an Afrika) sollte sinn a fir déi ganz (deemools bekannt) Mënschheet stoe sollten.