Ouschteren
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ouschteren (aus dem Laténgeschen "pascha"; dem Hebräeschen "pessach") ass am Chrëschtentum dat wichtegst Fest am Joreslaf. Op Ouschtere gëtt un d'Operstéiung vu Jesus Christus erënnert. Well et e Fest ass, dat kee festen Datum huet, gëtt et traditionell um éischte Sonndeg nom éischte Vollmound am Fréijoer gefeiert. Den Datum gëtt zanter dem 6. Joerhonnert mat Hëllef vun engem Moundzyklus berechent, dee 1582 (fir d'Kathoulesch Kierch) am Kader vun der Gregorianescher Kalennerreform erneiert gouf, soudatt schonn laang am viraus den Ouschterdatum bekannt ass.
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bal all chrëschtlech Feierdeeg, déi kee festen Datum hunn, gi vum Ouschtersonndeg aus berechent. Sou feieren d'Chrëschten zum Beispill 39 Deeg no Ouschtersonndeg Christi Himmelfaart, 49 respektiv 50 Deeg duerno Péngschten a 60 Deeg no Ouschtersonndeg feiere verschidde Katholicken Erläichendag. Ouschtere läit also ëmmer tëscht dem 22. Mäerz an dem 25. Abrëll. Zënter dem Konzil vun Nicäa am Joer 325 no Christus gëtt dëst Fest all Joer gefeiert.