From Wikipedia, the free encyclopedia
Karsamschdeg ass de Schluss vun der Faaschtenzäit. Op verschiddene Plaze gëtt en och Ouschtersamschdeg genannt, well ee sech op deem Dag op dat tatsächlecht Fest Ouschteren virbereet. Mat der Ouschternuecht fänkt d'Ouschterzäit un, déi 7 Woche bis Péngschten dauert. An där Zäit brenne wärend all Mass d'Ouschterkäerzen.
Baussent der Kierch huet de Karsamschdeg keng grouss Bedeitung. An der Kierch steet en awer fir den Iwwergank tëscht der Däischtert an der Lut. Um Karsamschdeg gëtt un d'Rou geduecht an op d'Operstéiung gewaart.
Generell ginn a kathoulesche Géigenden op Karsamschdeg keng Sakramenter gefeiert. Um Karsamschdeg ginn d'Dafwaasser an d'Ouschterkäerz geweit. D'Dafwaasser gëtt fir déi klassesch Daf un Ouschtersonndeg benotzt an d'Käerz symboliséiert d'Operstéiung vu Jesus als Liicht vun der Welt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.