Delta (Rakéit)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Delta ass eng vun den erfolgräichsten US-amerikaneschen Drorakéiten. Si gouf vun der Entreprise Douglas Aircraft Company entwéckelt a war d'Grondstuf gouf d'Thor-Rakéit. Am Laf vun de Jore gouf d'Delta stänneg modifizéiert a vergréissert, soudatt déi haiteg Delta kaum nach den éischte Modeller gläicht. D'Startmass ass vu ronn 50 t am Joer 1960 op iwwer 700 t am Joer 2004 geklommen, d'Notzlaaschtkapazitéit fir de Geotransferorbit (kuerz GTO) ass am selwechten Zäitraum vun 130 kg op 13.130 kg geklommen. Nodeem d'Douglas Aircraft Company 1997 vu Boeing opkaf gouf, ginn d'Delta-Rakéite vu Boeing produzéiert a verkaf. Zanter 1960 gouf d'Delta méi wéi 300-mol gestart an huet derbäi eng Zouverléissegkeet vu 95 % erreecht.