David Sassoli
italieenesche Journalist a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den David-Maria Sassoli [sasˈsɔːli], gebuer den 30. Mee 1956 zu Florenz, a gestuerwen den 11. Januar 2022 zu Aviano, war en italieenesche Journalist a Politiker (Partito Democratico, PD). Hie war vun 2009 bis zu sengem Doud Deputéierten am Europäesche Parlament. Dovu war hie vun 2014 bis 2019 Vizepresident a vum 3. Juli 2019 bis zu sengem Doud de President.[1]
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
David Sassoli | |
---|---|
Gebuertsnumm | David-Maria Sassoli |
Gebuer |
30. Mee 1956 Florenz |
Gestuerwen | 11. Januar 2022 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Italien |
Educatioun | Universitéit vu Florenz |
Aktivitéit | Politiker, Journalist |
Partei | Partito Democratico |
Zoumaachen