![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/56/D%2527coque-Centre_National_Sportif_et_Culturel.jpg/640px-D%2527coque-Centre_National_Sportif_et_Culturel.jpg&w=640&q=50)
Coque
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Coque, offiziell Centre national sportif et culturel (CNSC)[1], ass de gréisste Sportkomplex zu Lëtzebuerg. Se läit an der Stad Lëtzebuerg, um Kierchbierg, laanscht d'Avenue John F. Kennedy.
![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Kierchbierg |
Koordinaten | 49°37'25"N, 6°9'15"O |
Architekt(en) | Roger Taillibert |
Opgaangen | 14. Abrëll 1982 |
![]() |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/3/32/CoqueNuets.jpg/640px-CoqueNuets.jpg)
Den Numm huet se wéinst der Form vum Gebai, dat un eng Muschel erënnert.
Se gouf 2002 als Extensioun vun der olympescher Schwämm (déi och sou e muschelfërmegen Iwwerdaach aus Bëtong huet) ageweit. Architekt ass de Roger Taillibert[2].
D'Hal huet 8000 Sëtzplazen op de Gradinen an eng Fläch vu 4.300 Quadratmeter. Dee ganze Komplex erstreckt sech iwwer 65.000 m².
D'Coque ass konzipéiert fir eng ganz Rei Sportaarten:
- Liichtathleetik
- Schwammen
- Dauchen
- Kraafttraining
- Turnen
- Handball
- Basketball
- Volleyball
Et gëtt nach en Zentrum fir Héichleeschtungssport gebaut (High Performance Training and Recovery Center) dee Mëtt Abrëll 2019 fäerdeg gi soll. Den Zweck vun dësem Zenter ass, den Athleeten optimal Konditioune fir den Training ze bidden, absënns als Virbereedung op d'Olympesch Spiller vun Tokio 2020[3].
Bis zu 570.000 Leit passéieren all Joer an der Coque. 2008 hunn 300 Schoulklassen, 25 Sportsfederatiounen, wouvun der 13 permanent do trainéieren, an de Sport-études gratis vun der Coque profitéiert[4].
Et gëtt do och e Restaurant, an en Hotel fir d'Athleeten an hir Trainere wärend Kompetitiounen oder Stagen.
Nieft hirer Funktioun als Sportzentrum gëtt d'Coque och fir grouss Manifestatiounen, Concerten oder als Konferenzzentrum gebraucht. D'Piscine hirersäits huet e grousse Wellnessberäich.