Clark Gable
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Clark Gable, gebuer den 1. Februar 1901 zu Cadiz am Ohio a gestuerwen de 16. November 1960 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Filmschauspiller.
Clark Gable | |
---|---|
| |
Gebuertsnumm | William Clark Gable |
Gebuer |
1. Februar 1901 Cadiz (O.) |
Gestuerwen |
16. November 1960 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Schauspiller |
Partei | Republican Party |
Famill | |
Bestuet mat | Josephine Dillon, Carole Lombard, Sylvia Ashley |
Kanner | Bunker Spreckels, Judy Lewis, John Clark Gable |
![]() |
Hien huet seng Carrière beim Theater ugefaangen a war tëscht 1924 an 1926 Statist a verschiddene Stommfilmer. No an no huet hien et bis 1931 an Niewerolle bei der MGM gepackt. Just ee Joer drop hat hie säin Duerbroch an enger Haaptroll an huet wärend enger 30 Joer a méi wéi 60 Hollywood-Filmer d'Haaptroll gespillt.
Zu senge bekanntste Rollen zielen déi vum Rhett Butler am Südstaaten-Drama Gone with the Wind (1939), fir déi e seng drëtt Nominéierung fir en Oscar krut. Eng aner Oscar-Nominéierung fir déi bescht Haaptroll krut hie fir seng Interpretatioun a Mutiny on the Bounty (1935), a fir It Happened One Night (1934) hat hien dee Präis kritt.Och mat anere Filmer hat hie souwuel beim Publikum wéi bei de Kritiker Erfolleg, z. B. fir Red Dust (1932), Manhattan Melodrama (1934), San Francisco (1936), Saratoga (1937) Boom Town (1940), The Hucksters (1947) Homecoming (1948) an The Misfits (1961), sengem leschte Film.
De Clark Gable huet mat ville vun de populäerste Schauspillerinnen zesummegespillt: der Joan Crawford an net manner wéi aacht Filmer, siwemol mat der Myrna Loy, sechsmol mat der Jean Harlow, véier Kéiere mat der Lana Turner a jee dräimol mat der Norma Shearer an der Ava Gardner. Säi leschte Film The Misfits (1961) huet hie mat der Marilyn Monroe zesummebruecht, där hire leschte Film et och war.
Wéinst senger Popularitéit hat hien de Spëtznumm "The King of Hollywood" oder einfach "The King".