From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Stommfilm ginn zanter dem Opkomme vum Tounfilm an den 1920er Jore Kinofilmer ouni synchron Tounspur bezeechent.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De (Stomm-) Film ass um Enn vum 19. Joerhonnert a Westeuropa entstanen. De franséischen Erfinder Louis Le Prince huet de 14. Oktober 1888 den éischte Film vun der Geschicht gedréint. 1926 huet Warner Bros. den éischten, deelweis synchroniséierte Film (Don Juan) realiséiert.
D'Opféierung vu Stommfilmer gouf an der Reegel duerch aner Aktivitéiten ergänzt, sou z. B.:
Well de Gros vun der Handlung kloer vun de Biller ofgeleet huet musse ginn, hunn d'Acteure missen hir Gestik betounen, wat hautdesdaags dacks als iwwerdriwwen opgeholl gëtt (de sougenannten "over-acting").
De grousse Virdeel vum Stommfilm war seng Universalitéit, hie konnt iwwerall onofhängeg vun der Sprooch verstane ginn.
Ee vun den eelste lëtzebuergesche Stommfilmer ass "Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier", 1907 vum Peter Marzen a Wendel Marzen realiséiert.
De Film Panzerkräizer Potemkin (1925) gouf op der Weltausstellung 1958 zu Bréissel zum Beschte Stommfilm vun allen Zäite gewielt.
Bekannt Produzente vu Stommfilmer sinn z. B. den Thomas Edison, de Buster Keaton an den Charlie Chaplin.
Commons: Silent films – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.