Ava Gardner
US-amerikanesch Filmschauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
Ava Lavinia Gardner, gebuer de 24. Dezember 1922 zu Grabtown, North Carolina a gestuerwen de 25. Januar 1990 zu London, war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin, déi besonnesch an den 1950er Jore groussen internationale Succès hat.
Ava Gardner | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ava Lavinia Gardner |
Gebuer | 24. Dezember 1922 |
Gestuerwen |
25. Januar 1990 Westminster |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Mannequin, Autobiograph, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Mickey Rooney, Artie Shaw, Frank Sinatra |
Hiren Duerchbroch hat si 1946 als verféieresch Femme fatale, nieft dem Burt Lancaster am Robert Siodmak sengem Film noir-Klassiker The Killers. Si huet weider a Filmer matgespillt wéi The Hucksters (1947), Show Boat (1951), The Snows of Kilimanjaro (1952), The Barefoot Contessa (1954), Bhowani Junction (1956), On the Beach (1959), Seven Days in May (1964), The Night of the Iguana (1964), The Life and Times of Judge Roy Bean (1972), Earthquake (1974), an The Cassandra Crossing (1976). Bis 1986 huet si nach FIlmer gedréint, ass dann 1990 un de Suitë vun engem Schlag gestuerwen.
Si war dräimol bestuet: mam Mickey Rooney, du mam Artie Shaw, an duerno mam Frank Sinatra.