CFL 2400
Automotrice / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'CFL-Serie 2400 ass eng Serie Rei vun elektreschen Automotricë vun der CFL. Et handelt sech ëm de Modell Coradia Stream High Capacity vum Zuchconstructeur Alstom[1].
D'Automotrice 2410 am Triage op der „Zwickau“ | |
Baureiebezeechnung | Coradia Stream |
---|---|
Bedreiwer | CFL |
Numeréierung |
2401 bis 2422 2451 bis 2462 |
Besteet aus |
3 Këschten 6 Këschten |
Stéckzuel |
22 12 |
Statut | (deels) geliwwert |
Technesch Detailer | |
Ass en(g) | elektresch Automotrice |
Spuerbreet | Normalspuer |
Déngschtmass |
160 t 300 t |
Längt iwwer Puffer |
82,00 m 160,6 m |
Héchstvitess | 160 km/h |
Zuchsécherungs- System(er) |
Europa European Train Control System Belsch TBL 1+ |
Homologéiert fir |
Lëtzebuerg Frankräich Belsch |
Den Autorail gouf am September 2022 op der Berliner Fachfoire InnoTrans virgestallt.[1] Déi éischt Ramm vun am Ganze 34 gouf de 5. Januar 2023 op Lëtzebuerg geliwwert. Déi aner kommen an de Méint dono no a sollen 2024 um CFL-Reseau agesat ginn, virun allem op der Nordstreck, ma och op de Linnen a Richtung Athus, Arel a Lonkech.[2]
Si hunn zwéi Stäck, an d'Ramme sinn 80 oder 160 m laang. Vun de kuerze goufen der 22 bestallt, vun de laangen der 12.
Als Neierunge gëtt et do ë. a. en automatesche System fir Passagéier ze zielen, an den Asaz vun der ATO-Technologie (Automated Train Operation), déi et z. B. erlaabt, d'Vitess automatesch unzepassen[1].
D'2400er Serie soll successiv d'Gefierer vun der Serie Z2/CFL 2000 ersetzen, déi zanter den 1990er Joren am Asaz sinn.
Tëscht Enn Abrëll an Ufank Juli 2024 ginn Nuetstester op der Streck gemaach, fir haaptsächlech d'elektresch Alimentatioun z'iwwerpréiwen. D'Mise en service vun den Eenzel-Unitéite mat dräi Waggonen ass fir d'éischt Semester 2024 virgesinn, iwwerdeems d'Unitéite mat 6 oder 9 Voituren e Joer méi spéit geplangt ass[3].