From Wikipedia, the free encyclopedia
De CALIPSO (Cloud-Aerosol Lidar and Infrared Pathfinder Satellite Observations) ass en amerikanesch-franséischen Äerdobservatiounssatellit vun der NASA an dem CNES. De CALIPSO erfuerscht d'Aflëss vu Wolleken an Aerosolen op d'Wieder an d'Loftqualitéit op der Äerd. E gehéiert zum Fuerschungsprogramm EOS, deen eng Rei vun Ëmweltsatellitte bedreift.
CALIPSO | |
---|---|
Typ | Äerdobservatiounssatellit |
Land | USA/ Frankräich |
Agentur | NASA / CNES |
COSPAR-Bezeechnung | 2006-016A |
Apogeum | 703 km |
Perigeum | 701 km |
Bunnschréi | 57,0° |
Mass | 587 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 98,5 min |
Exzentrizitéit | |
Start | 28. Abrëll 2006, 10:02 UTC |
Startplaz | Vandenberg SLC-2W |
Drorakéit | Delta 7420-10C D314 |
Status | am Orbit |
De CALIPSO schafft op enger 700 km héijer, sonnesynchroner Ëmlafbunn a flitt mam Satellit CloudSat, deen och d'Wolleke studéiert, souwéi nach véier aner Ëmweltsatellitten (Aura, Aqua, PARASOL an OCO-2) a Formatioun. Déi sechs Satellitte bilden zesummen den A-Train.
De CALIPSO gouf no siwe Startversich den 28. Abrëll 2006 gestart. De Satellit war fir eng Missiounsdauer vun dräi Joer ausgeluecht, d'Benotzung gouf awer verlängert.
Cloud-Aerosol Lidar with Orthogonal Polarization (CALIOP)
Imaging Infrared Radiometer (IIR)
Wide Field Camera (WFC)
Commons: CALIPSO – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.