Buergbrennen
Brauch zu Lëtzebuerg, am däitsche Grenzgebitt an an der Belsch / From Wikipedia, the free encyclopedia
Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg an am däitsche Grenzgebitt, an der Belsch, an op verschiddene Plazen a Frankräich, deen dora besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent (also den 1. Faaschtsonndeg, och nach Buergsonndeg (lat. Invocabit genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d'Verbrenne vum Wanter duerstellt.
D'Buergbrennen gehéiert zu de sogenannte Joresfeieren, déi ofhängeg vun de Géigenden op bestëmmten Deeg ofgebrannt goufen an deelweis nach ginn, wéi z. B. an der Nuecht op den 1. Mee, op Gehaanssdag oder och op Mäertesdag[1]