![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0a/Neue_Moselbr%25C3%25BCcke_in_Grevenmacher_01.jpg/640px-Neue_Moselbr%25C3%25BCcke_in_Grevenmacher_01.jpg&w=640&q=50)
Bréck vu Gréiwemaacher
Bréck iwwer d'Musel tëschent Lëtzebuerg an Däitschland / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Bréck vu Gréiwemaacher ass eng Bréck iwwer d'Musel tëscht den Uertschafte Gréiwemaacher zu Lëtzebuerg a Wellen an Däitschland. Zu Lëtzebuerg féiert se um Uwänner vun der Musel iwwer d'Nationalstrooss 10, an an Däitschland iwwer d'B419, déi och do Uschloss iwwer zwou Rampen un d'Bréck huet. Den Uschloss un d'Bréck gëtt zu Lëtzebuerg vun der N10A gemaach.
Séier Fakten Geographie, Land ...
![]() Déi nei Bréck vu Gréiwemaacher - Wellen | |
Geographie | |
---|---|
Land |
![]() ![]() |
Plaz |
Gréiwemaacher Wellen |
Koordinaten |
49° 40’ 32.58’’ N 06° 26’ 37.82’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck |
Fuerspueren | 2 × 3,50 m |
Trëttoir(en) | 2 × 2,00 m |
Féiert iwwer | Musel |
PK | 212,325 |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp |
Gemëscht Bow-String + Dunnebréck |
Totallängt | 212 m |
Gréisst Iwwerspanung | 113,80 m |
Felder/Béi | 4 |
Feldbreet(en) | 34,32 m - 29,395 m - 113,795 m - 34,995 m |
Breet | 17.145 m |
Bau vum Tablier | Orthotop Plack |
Héicht vum Bou | 14,00 m |
Material | Stol |
Bemierkungen | |
Ersetzt | Bréck vun 1955 |
Opgaangen | 16. Oktober 2013 |
Architekt(en) Konzeptioun | INCA Ingénieurs Conseils Associés |
Entreprener | Compagnie De Construction Luxembourgeoise |
Konstruktiounsatelier | Ateliers Roger Poncin et Cie vun Ocquier |
![]() |
Zoumaachen
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b9/Br%C3%BCcke_Grevenmacher-Wellen_01.jpg/640px-Br%C3%BCcke_Grevenmacher-Wellen_01.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/72/Gr%C3%A9iwemaacher-Br%C3%A9ck_Mee_2006.jpg/640px-Gr%C3%A9iwemaacher-Br%C3%A9ck_Mee_2006.jpg)
D'Bréck gouf 2013 opgeriicht an huet eng al Bréck ersat déi 1955 gebaut gouf, an déi hirersäits an d'Plaz vun enger koum, déi 1881 gebaut[1] an déi am Zweete Weltkrich zerstéiert gi war.
Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier Brécke sinn: