![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/36/Brian_Johnson.jpg/640px-Brian_Johnson.jpg&w=640&q=50)
Brian Johnson
brittesche Sänger / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Brian Johnson, gebuer de 5. Oktober 1947 zu Dunston/Newcastle (Groussbritannien), war vun 1980 bis 2016 Sänger vun australescher Hardrock-Band AC/DC.
Brian Johnson | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Brian Francis Johnson |
Gebuer |
5. Oktober 1947 Dunston |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Sänger, Televisiounsmoderateur, Lidderschreiwer, Liddermécher, Komponist |
Member vun | Geordie, AC/DC |
![]() |
De Brian hat an de fréie 70er mat der Band Geordie verschidden Optrëtter als Virgrupp vun der Band Fraternity, wou en och de Bon Scott, de Sänger vun AC/DC, kennegeléiert huet. Deen hat spéider dacks vum Jonna, wéi e mat Spëtznumm genannt gouf, geschwat. Nom Doud vum Bon hu sech d'Young Bridder dorun erënnert, a sou ass de Brian den Nofollger vum Bon Scott ginn. Zanter dem 3. Abrëll 1980 ass de Brian offizielle Sänger vun AC/DC. Den éichte Live-Optrëtt hat en den 29. Juni 1980 zu Namouer an der Belsch. Hien huet d'Band 2016 wéinst Problemer mam Gehéier verlooss
De Brian ass passionéirte Golfspiller a Biker. A senger Fräizäit dreift e sech gär an Jazz- a Beatclibb erëm an en ass e Fan vum Eric Burdon (The Animals). Ausserdeem lauschtert hien och Ray Charles, Ike & Tina Turner an Joe Cocker.