![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7f/AC_DC_at_London%2527s_Olympic_Stadium.jpg/640px-AC_DC_at_London%2527s_Olympic_Stadium.jpg&w=640&q=50)
AC/DC
From Wikipedia, the free encyclopedia
AC/DC ass eng australesch Hard-Rock-Band, déi Enn des Joer 1973 vun den a Schottland gebuerene Bridder Angus McKinnon Young (* 31. Mäerz 1955) (Markenzeechen: Schouluniform mat kuerzer Box) a Malcolm McKinnon Young (* 6. Januar 1953 - † 18. November 2017) gegrënnt gouf.
AC/DC | |
---|---|
![]() | |
Grënnung: | November 1973 |
Genre: | Hard Rock |
Website (us): | www.acdc.com |
Grënnungsmemberen | |
Lead-Gittar: | Angus Young |
Rhythmus-Gittar: | Malcolm Young (1973-2014) |
Gesank: | Dave Evans (1973-1974) |
Bassgittar: | Larry Van Kriedt (1973-1974) |
Perkussioun: | Colin John Burgess (1973-1974) (2023†) |
Aner längerfristeg fréier Memberen | |
Gesank: | Bon Scott (1974-1980†) |
Batterie: | Phil Rudd (1975-1983 an 1994-2015) |
Bassgittar: | Mark Evans (1974-1977) |
Bassgittar: | Cliff Williams (1977-2016) |
Gesank: | Brian Johnson (1980-2016) |
Perkussioun: | Simon Wright (1983-1989) |
Aktuell Memberen | |
Lead-Gittar: | Angus Young |
Rhythmus-Gittar: | Stevie Young (1988 an 2014-haut) |
Batterie: | Chris Slade (1989-1994 an 2015-haut) |
Gesank: | Axl Rose (2016-elo) |
Op den Numm si se duerch d'Margereth, d'Schwëster vun de Young-Bridder, komm. Si huet d'Opschrëft AC/DC (Wiesselstroum/Gläichstroum) op enger Bitzmaschinn gesinn, an huet fonnt datt déi Ofkierzung déi staark Musek vun der Band géif perfekt symboliséieren (méi spéit huet den Angus Young behaapt, hien hätt AC/DC als éischt op engem Stëbssuckeler entdeckt). Allerdéngs ass AC/DC an engleschsproochege Länner och en Ausdrock fir Bisexualitéit, a sou hate si um Ufank vun hirer Karriär eng hëtzeg Diskussioun ausgeléist. AC/DC ass haut nach aktiv.