D'Biergerkräiz ass e Lieu-dit um südëstleche Wupp vun der Gemeng Koplescht, op der Grenz mat de Gemenge Lëtzebuerg a Walfer.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit um Bord vum Bambësch. Fir d'Plaz am Gréngewald, kuckt wgl. Biergerkräiz (Gréngewald). |
Biergerkräiz | |
---|---|
Uertsschëld mat falscher Schreifweis | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | de: Bürgerkreuz |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Koplescht |
Buergermeeschter | Thierry Schuman |
Koordinaten |
49° 38’ 46.8’’ N 06° 05’ 54.5’’ O |
Geographie
De Lieu-dit Biergerkräiz läit op enger Héicht vun ca. 373 m, tëscht dem Bambësch am Süden an dem Roudebësch am Norden. Am Rond-Point stéisst den CR215 deen aus dem Rollengergronn kënnt, op den CR181 dee vum Briddel op Bäreldeng féiert.
Um Biergerkräiz sinn um Gebitt vun der Gemeng Koplescht e puer Haiser déi deelweis verlooss sinn, e Steebroch mat engem Depot fir Bauschutt an e Restaurant. Um Territoire vun der Gemeng Walfer steet eng Hal mat Atelieren a Büroen déi zum Steebroch gehéieren.
Nieft der Parkplaz steet en hëlzent Weekräiz.
Geschicht
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Kuckt och
Biller
- Verloossen Haiser
- Steebroch "Cloos"
- D'Strooss déi vum Briddel kënnt
- D'Strooss vu Bäreldeng féiert an de Rond-point
- Weekräiz
Um Spaweck
Commons: Biergerkräiz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.