Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi zwéi bemierkenswäert Biergahornen (Acer pseudoplatanus; érable sycomore; Bergahorn) stoungen op der Corniche, op der Héicht vun der Maison de Cassal, an der Stad Lëtzebuerg. Am Schiet vun den zwéi Beem hat e Restaurant seng Terrassen installéiert.
Biergahornen op der Corniche | |
---|---|
Déi fréier Biergahornen op der Corniche (Januar 2008) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'38,05"N, 6°8'4,70"O |
Bamaart | Biergahorn |
Zerstéiert | 2009 |
Ufanks 2009 goufe béid Beem ewechgeholl an duerch zwou jonk Pëppelen ersat.
Wéinst hirer imposanter Gréisst, mä awer och virun allem wéinst der Plaz wou se stoungen, goufen dës zwéi Biergahornen 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat.[1]
Ëm 2000 goufe follgend Moosse fir deen imposantste vun dësen zwéi Beem geholl: Gréisst 17 m; Stammdéckt op Broschthéicht: 0,71 m.
2007 goufen déi zwéi Beem staark zeréckgeschnidden, wouduerch deen ee vun hinnen dat Joer drop ofgestuewen ass, an deen anere sech net méi richteg erkréie konnt. Ufanks 2009 goufen déi zwéi Beem ewechgeholl an duerch zwou jonk Pëppelen ersat.
Op engem vun deenen zwéi Biergahorne vun der Corniche gouf 1984 eng Wanzenaart fonnt, déi nei fir d'Wëssenschaft war. Den Entdecker, de Léopold Reichling, huet se ënner dem Numm Psallus pseudoplatani n. sp. beschriwwen. De Reegele vun der Zoologie no war dëse Bam de sougenannte locus typicus vun der Aart. Zanter dem Verschwanne vun de Beem existéiert dëse locus typicus net méi.
1990, bei Geleeënheet vun der Joerhonnertfeier vun der Société des naturalistes luxembourgeois, huet d'Post en Timber erausginn, op deem e Männchen an e Weibche vun där Aart ze gesi sinn. D'Zeechnung ass vum Léopold Reichling.
Commons: Biergahornen op der Corniche – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.