Remove ads
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Dëse Käschtebam (Aesculus hippocastanum L.; Rosskastanie; marronnier d'Inde) steet um Square Robert-Brasseur, vis-à-vis vun der Theaterplaz, an der Stad Lëtzebuerg. Hie fält duerch seng Gréisst an déi imposant Breet vu senger Kroun op.
Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg | |
---|---|
De Käschtebam vun der Schickerisgaass aus gesinn (Januar 2024) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Uewerstad |
Adress | Square Robert-Brasseur |
Koordinaten | 49°36'46,80"N, 6°7'53,51"O |
Bamaart | Käschtebeem |
Héicht | 23,5 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,37 m (2023) |
Ëmfang | 4,3 m (2023) |
D'Kroun huet en Duerchmiesser vun zirka 15 m. Op enger Héicht vun ongeféier 3 m deelt sech de Stamm kandelaberaarteg op an 10 kräfteg, senkrecht geriichten Äscht.
De Bam steet fräi, gëtt also net a sengem Wuesstem behënnert. Säi gesonden Zoustand ass drop zeréckzeféieren, datt en net wéi seng Aartgenosse laanscht d'Stroossen all Joer dem Streesalz am Wanter ausgesat ass. Käschtebeem reagéiere besonnesch empfindlech dorop.
Dëse Käschtebam gouf 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl. Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 23 m; Duerchmiesser (op Broschthéicht): 1,30 m. Ëm 2022 waren et 23,5 m an 1,37 m.
Den Duerchmiesser vum Stamm léisst drop schléissen, datt dëse Käschtebam ee vun deenen éischte vu senger Aart war, déi zu Lëtzebuerg gesat goufen.[1]
Commons: Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.