From Wikipedia, the free encyclopedia
Beesten war eng Uertschaft an der Gemeng Noumer[1]. Bis zur Walreform zu Lëtzebuerg war et eng Walsektioun, déi awer wéi nach anerer an der Gemeng opgeléist gouf.
Beesten | |
---|---|
Den Zahneschhaff deen der fréierer Uertschaft Beesten den haitegen Numm gëtt | |
An anere Sproochen |
fr: Beisten de: Beisten |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Noumer |
Buergermeeschter | Sophie Diderrich |
Koordinaten |
49° 48’ 15’’ N 06° 06’ 52’’ O |
Wann haut vu Beesten geschwat gëtt ass domat just de fréieren Haff Hoffmann, haut Zahneschhaff genannt, op der Strooss vu Kruuchten op Colmer (CR123), gemengt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zahneschhaff.
Wat fir eng Lännereien zu Beesten gehéiert hunn ass net méi sou genee festzestellen. Dat eenzegt wat geschichtlech nozevollzéien ass datt den Nicolas Bourg vu Beesten 1854 President vum Walbüro an der Gemeng Noumer war. Doduerch kann een dovun ausgoen datt deemools de Buerghaff zu Beesten gerechent gouf. Spéitstens 1963 gouf de Buerghaff eng eege Walsektioun.
Uganks vun den 1900er Jore gouf et zu Beesten eng Brennerei fir Branntewäin, d'Branntweinbrennerei Wwe Bourg N.[2].
Op der Ferrariskaart (1778) ass d'Uertschaft westlech vun der Mëtschbaach agezeechent. Op den topographesche Kaarte duerno[3] réckelt den Numm méi no Osten, op d'Héicht vum Schleederhaff. Duerno verschwënnt den Numm vun de Kaarten.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.