From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Willibrordbasilika vun Iechternach ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Iechternach gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Basilika, Parkierch vun Iechternach | ||||
Uertschaft / Plaz | Iechternach | |||
Par | Regioun Iechternach Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Willibrord | |||
Konsekratioun | 1953 | |||
Koordinaten | 49° 48’ 48.2’’ N 06° 25’ 18.1’’ O 6° 25′ 18,1″ E | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Basilika ass dem hellege Willibrord geweit, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt. Se gouf 1953 vum Bëschof Léon Lommel konsekréiert.
D'Basilika ass zanter dem 10. November 1989 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]
Zur fréierer Par Iechternach gehéieren ausser der Iechternacher Basilika och nach d'Péitrus a Paulus-Kierch vun Iechternach, d'Muttergotteskapell vun Iechternach an d'Kräizkapell vun Iechternach.
Am Joer 706 huet de Willibrord eng éischt Kierch zu Iechternach baue gelooss. Dës gouf 800 duerch méi eng grouss ersat déi awer 1016 vun engem Feier zerstéiert gouf. Déi drëtt gouf 1031 fäerdeg. Déi gouf an der Franséischer Revolutioun grad wéi d'Abtei an där hir aner Proprietéite vum franséische Staat beschlagnahmt an de 24. Februar 1797 vun de Fransousen u Privatleit versteet.
D'Abtei mat der Kierch gouf vum Jean-Henri Dondelinger, dee virdrun Haffmaier vum Klouschter war, gesteet, an an eng Faïencefabréck ëmfunktionéiert. E groussen Deel vun aneren Abteigidder wéi z. B. d'Weilerbacher Schmelz an d'Schlass, d'Bollenduerfer Buerg, d'Ferschweiler Millen an den Diesburgerhaff goufe vum Nicolas Vincent Légier engem franséische Regierungskommissär opkaaft.
No Joerzéngte laangem Gebrauch als Faïence-Manufaktur - ee vun de Kierchtierm gouf als Kamäi benotzt - ass d'Gebai baufälleg ginn. Nodeems de Chouer vun der Basilika an e Koup gefall war, a gefaart gouf, och de Rescht vun der Kierch géif zesummefalen, gouf 1862 de Willibrordus-Bauveräin gegrënnt. Dësen huet Sue gesammelt, fir d'Kierch ze restauréieren. Iwwerdeems gouf d'Parzeläinsproduktioun an aner Deeler vun de Gebaier vum fréiere Klouschter verlagert. 1868 gouf déi nei opgeriicht Basilika ageweit.[2]
1939 krut d'Kierch den Titel vun enger peepstlecher Basilika.
Am Zweete Weltkrich (1944) gouf se gesprengt a komplett zerstéiert. Nom Krich gouf se no Pläng vun den Architekten Hubert Schumacher a Michel Heintz nees opgebaut, nom Modell vun 1031, am romanesche Stil. Dat aktuellt Gebai gouf den 20. September 1953 konsekréiert.
D'Basilika huet 3 Schëffer. Bei de Sailen, déi Haapt- a Säiteschëffer vuneneen trennen, wiessele ronn a véiereckeg Saile mateneen of, e sougenannte Stützenwechsel, wat de strenge Banneraum e bësse méi labber mécht. Am Chouer stinn 2 Altär: den ënneschte steet just iwwer dem Graf vum Willibrord an der Krypta a léisst och Luucht erof an d'Krypta.
Den ieweschte weist e stengene Relief mat de Symboler vun den Evangelisten; en ass vum Auguste Trémont. De Kräizwee ass vum Albert Hames. D'Beichtstill sinn aus dem fréie Barock a stamen aus der Jesuittekierch, der haiteger Kathedral.
An der Willibrodussäitekapell steet e Fligelaltor vum Anton Stevens aus dem Joer 1609.
An der Sebastianskapell steet e Barockaltor aus dem Joer 1638 den déi Peschthelleg Sebastian a Rochus weist.
D'Uergel ass vun der Uergelmanufaktur Klais vu Bonn. Dernieft gëtt et nach eng Truenuergel vun der Uergelmanufaktur Hugo Mayer.
Patriarchen a Prophéiten | Christus de Kinnek | Apostelen |
Hl. Péitrus | Hl. Willibrord | Hl. Paulus; |
D'Krypta ass ursprénglech aus der karolengescher Zäit. Ënner dem Liichtschacht vum Altor steet de merowengesche Sarkophag mam Willibrord, dee vun engem neogotesche Graf aus dem Joer 1906 ëmginn ass. Un de Mauere kann een nach Iwwerreschter vu Wandmolereien aus dem 11. Jh. gesinn, déi Zeenen aus dem Liewe vun der Maria weisen. D'Fënstere si vum Emile Probst. Des Weidere sinn nach 2 Sarkophage mat Äbt aus der Fréizäit an eng Quell an der Krypta. Et ass dovun auszegoen, datt fréier an dëser Quell gedeeft gouf.
Ausser dem Klackespill, hänken an den Tierm vun der Basilika nach néng Klacken. Am Plenum laude s'an der Dispositioun b', as', f' es', des', b0, as0, f0. Lauschtert op Youtube e spezielle Plenum f° as° b° des' es' f' as' b' c"
D'Sebastianklack laut all freides um dräi Auer mëttes fir d'Doudesstonn vum Jesus. Den Angelus gëtt all Dag um eelef Auer mat der Benediktklack gelaut.
D'Willibrord-Klack ass mat knapps 7 Tonnen déi schwéierst Klack am Land.
Déi néng Klacke sinn dat schwéierst Gelait an och dat mat den déifsten Téin am ganze Land.
Nr. | Numm | Nominal (16tel) | Gewiicht (kg) | Duerchmiesser (mm) | Gossjoer | Géisser |
1 | Willibrord | f0 +8 | 6.985 | 2.215 | 2000 | Äifeler Klackegéisserei |
2 | Benedikt | as0 +8 | 5.530 | 2.000 | 1999 | Äifeler Klackegéisserei |
3 | Sebastian | b0 +6 | 3.100 | 1.742 | 1948 | H. Rüetschi vun Aarau |
4 | Maria | des1 +9 | 1.800 | 1.456 | 1948 | H. Rüetschi |
5 | Barbara | es1 +3 | 1.300 | 1.320 | 1948 | H. Rüetschi |
6 | Wilgils | f1 +7 | 920 | 1.160 | 1948 | H. Rüetschi |
7 | Irmina | as1 +7 | 535 | 967 | 1948 | H. Rüetschi |
8 | Plectrudis | b1 +5 | 385 | 874 | 1948 | H. Rüetschi |
9 | Johannes | c2 +6 | 355 | 781 | 1999 | Äifeler Klackegéisserei |
Commons: Basilika Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.