François Gillen
lëtzebuergesche Zeechner, Moler a Sculpteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
lëtzebuergesche Zeechner, Moler a Sculpteur From Wikipedia, the free encyclopedia
De François (Franz) Gillen, gebuer den 10. Juni 1914 zu Iechternach, a gestuerwen den 3. November 1997 an der Zithaklinik an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Zeechner, Moler, Sculpteur a Createur vu Vitrailen a Mosaicken.
François Gillen | |
---|---|
Gebuer |
10. Juni 1914 Iechternach |
Gestuerwen |
3. November 1997 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Zeechner, Sculpteur |
De François Gillen huet vun 1945 un a Frankräich gelieft. Hien huet och Mosaicken a Kierchefënsteren, ë. a. vun der Iechternacher Basilika geschaaft. Vun him ass och d'Monument vun der nationaler Solidaritéit um Kanounenhiwwel an der Stad Lëtzebuerg.
1948 huet hien, zesumme mat de Kënschtler Victor Jungblut, Joseph Probst a Lucien Wercollier am Cercle municipal an der Stad um éischte Salon de la Nouvelle Équipe ausgestallt[2]. Hie war 1954 ee vun de Grënner vun den Iconomaques.
A senger Sëtzung vum 24. Abrëll 2023 huet den Iechternacher Gemengerot eng Strooss an der "Mëttelkrunn" nom Franz Gillen benannt: "rue François Gillen".[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.