italieeneschen Astronom, Wëssenschaftler a Paschtouer From Wikipedia, the free encyclopedia
De Barnaba Oriani, gebuer de 17. Juli 1752 zu Carignano, a gestuerwen den 12. November 1832 zu Brera deemools am Kinnekräich Lombardo-Venetien, war en italieeneschen Astronom a Wëssenschaftler.
Barnaba Oriani | |
---|---|
Gebuer | 17. Juli 1752 |
Gestuerwen |
12. November 1832 Mailand |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Kartograph |
Member vun | Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Preisesch Wëssenschaftsakademie |
No der Primärschoul zu Carigniano hat hien zu Mailand op der Héichschoul vu San Alessandro studéiert. Nom Studium a Physik, Mathematik, Philosophie an Theologie gouf hie 1775 Paschtouer.
Wéinst sengem groussen Intressi fir d'Astronomie gouf hie 1776 Mataarbechter am Observatoire vu Brera, an deem hie 1778 Assistent a schliisslech 1802 Direkter gouf.
Den Oriani war e laangjärege Frënd vum Giuseppe Piazzi, dem Entdecker vum Zwergplanéit Ceres. Si hu 37 Joer u villen astronomesche Projeten zesummegeschafft. Vun 1808 u war hie korrespondéierende Member vun der Bayerescher Wëssenschaftsakademie.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.