BGL Ligue (Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'BGL Ligue ass déi iewescht Spillklass am lëtzebuergesche Foussballchampionnat vun den éischte Seniorsekippen (Männer). Si gëtt no hirem Haaptsponsor der BGL genannt. Déi éischt Oplag vun der BGL Ligue war an der Saison 2007/08.
BGL LIGUE | |
---|---|
Federatioun: | FLF |
Éischt Saison: | 2007/2008 |
Ekippen: | 16 |
Aktuelle Champion: | CS Fola Esch |
Rekordchampion: | F91 Diddeleng (5) |
Rekordspiller:[1] | Denis Scuto (424) |
Meescht Goler:[1] | Armin Krings (255) |
↓ Éierepromotioun (II) |
Historesch gekuckt gëtt zu Lëtzebuerg zanter 1909/1910 e Championnat an der ieweschter Spillklass vun der Foussballfederatioun organiséiert.
Net gespillt gouf an der Saison 1912/13 an an de Krichsjoren 1941-1944. Ënner der däitscher Okkupatioun ass d'Federatioun vun den Nationalsozialisten opgeléist, an d'nationaalt Championnat ofgeschaaft ginn. D'Veräiner aus der ieweschter Divisioun goufen an de Fußballgau Mosel agegliddert. An engems hunn d'Nimm vun all de Clibb missen agedäitscht ginn. No der Liberatioun vun 1945 gouf en improviséiert Championnat als Coupe gespillt, d'Coupe de la Liberation. Clibb aus dem Éislek waren net mat dobäi.
Spillmodus an Numm sinn am Laf vun der Zäit e puermol geännert ginn. Tëscht 1909 an 1912 huet déi héchst Divisioun Klass A geheescht, vun 1913 bis 1932 war et d'Éischt Divisioun an tëscht 1932-1957 gouf se Éierepromotioun genannt.
Fir d'Saison 1957/58 krut d'héchst Spillklass dunn den Numm Nationaldivisioun.
Den 31. Juli 2007 huet d'FLF e Kontrakt mat der Fortis Bank Lëtzebuerg als Haaptsponsor a privilegéiertem Partner fir d'Liga gemaach. D'Ofkommes fixéiert eng finanziell Ënnerstëtzung déi virop den Nationaldivisiounsveräiner ze gutt komme soll[2] a gëllt fir véier Saisonen. Och wann d'Nummrechter un der Divisioun an engems mat verkaaft goufen, ännert sech näischt un der Zuel vun de Clibb oder de Spillmodalitéite wéi dat fir d'lescht fir d'Saison 2006/2007 de Fall war. D'Zuel vun den Ekippe gouf deemools vis-à-vis vun de Saisone virdru vun 12 op 14 gehéicht an de komplexe System mat Play-Off-Gruppen ass an engems mat ofgeschaaft ginn. Zanter der Saison 2021/22 gëtt mat 16 Ekippe gespillt.