Fédération luxembourgeoise de football
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fédération luxembourgeoise de football, gekierzt FLF, ass den nationale Verband vun de Foussballsveräiner zu Lëtzebuerg.
Séier Fakten Ofkierzung, Sëtz ...
Fédération luxembourgeoise de football | |
---|---|
Ofkierzung | FLF |
Sëtz |
148, rue de Limpach L-3932 Monnerech |
President | Paul Philipp |
Generalsekretär | Joël Wolff |
Member vu(n) | COSL, UEFA, FIFA |
Websäit | http://www.flf.lu/ |
Zoumaachen
D'FLF ass 1908 gegrënnt an de 18. Oktober 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].
Se huet hire Sëtz an der Foussballsschoul zu Monnerech an ass Member vum COSL, vun der FIFA (zënter dem 13. Mäerz 1910) an der UEFA (zënter dem 15. Juni 1954).