Avenue Marie-Thérèse
Stross an der Stad Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Avenue Marie-Thérèse ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se ass den Ufank vun der Nationalstrooss 4 a verleeft vun der Bréisseler Plaz a Richtung Westen, laanscht de Stater Park bis op d'Kräizung Boulevard Grande-Duchesse Charlotte / Escher Strooss.
Séier Fakten Numm, Fréieren Numm ...
Numm | fr: Avenue Marie-Thérèse |
---|---|
Fréieren Numm | de: Maria Theresienallee |
Deel vun | N4 |
Längt | ca. 560 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Postcode | 2132 |
Koordinaten |
49° 36’ 28.5’’ N 06° 07’ 21.9’’ O |
Genannt no | Maria Theresia vun Éisträich |
Zoumaachen
D'Strooss krut hiren Numm als Undenken un d'Maria Theresia vun Éisträich, déi vu 1740 bis 1780 Äerzherzogin vun Éisträich, Kinnek[1],[2] vun Ungarn (1741 - 1780), Kinnigin vu Béimen (1743 - 1780) an deemno och Herzogin vu Lëtzebuerg war[3].
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Maria Theresienallee”[4].