lëtzebuergesch Autobunn From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Autobunn A13, westlech vum Beetebuerger Kräiz Collectrice du Sud, ëstlech dovun Saarautobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn an de Kantone Capellen, Esch-Uelzecht an Réimech. Se fänkt zu Käerjeng op der Biff un (fréier Bifurcatioun vun den Nationalstroossen N5 an der fréierer N6).
A13 Collectrice du Sud, Saarautobunn | ||
Zeechen | N° | Verdeeler |
Biff (Rond-point André Siebenbour) | ||
1 | Péiteng | |
2 | Suessem | |
3 | Déifferdeng | |
Tunnel Aessen | ||
Tranchée couverte Éilereng | ||
4 | Éilereng | |
A4 Kräiz Lankelz | ||
5 | Esch-Uelzecht | |
A4 Verdeeler Esch | ||
6 | Schëffleng | |
7 | Keel | |
8 | Biereng | |
A3 Beetebuerger Kräiz | ||
9 | Helleng | |
10 | Fréiseng | |
Tranchée couverte Fréiseng | ||
11 | Altwis | |
Viaduc vun Altwis | ||
Tranchée couverte Munneref | ||
12 | Munneref | |
Tunnel Markusbierg | ||
13 | Schengen | |
Viaduc vu Schengen; Däitsch Grenz |
Se féiert dann duerch de Minettsbaseng laanscht Suessem, Zolwer, Éilereng, an Esch-Uelzecht.
Tëscht der Ausfaart Lankelz an der Ofzweigung fir op Diddeleng leeft s'e Stéck iwwer d'A4 op enger Längt vun ongeféier 2 km.
Kuerz viru Féiz dréint se an den Uelzechtdall a geet op der Héicht vu Schëffleng iwwer dee Floss. Duerno leeft se duerch en Deel vun der Keeler Gemeng weider op Diddeleng a Beetebuerg.
Nodeem se iwwer d'Kräiz vu Beetebuerg ewech ass, wou se och Uschloss un d'A3 huet, dréint se an den Dall vun der Gander deem se noleeft bis op Munneref. Op deem Deel ass se op den Terraine vun den Uertschaften Helleng, Fréiseng, wou s'ënnert der N3 erduerch leeft, Uespelt an Altwis.
Si leeft weider laanscht Elveng, a Biermereng wou se duerch den Tunnel Markusbierg geet fir an de Museldall ze kommen.
Iwwer d'Musel geet se mam Viaduc vu Schengen iwwer d'Grenz fir op déi däitsch A8 ze kommen.
D'A13 ass 42,7 km laang. De westlechen Deel war 1994 fäerdeggestallt ginn, den ëstlechen eréischt 2004. Dobäi gouf et bis 2016 bei der Ausfaart Helleng e kuerzt Stéck, dat gefeelt huet, an dat duerch e Bypass ersat huet misse ginn: Bis 2013 huet eng Geriichtsaffär, an där d'Enteegnung vum Terrain, iwwer deen d'Autobunn sollt goen, kontestéiert gouf, verhënnert, datt s'op e puer honnert Meter fäerdeg gebaut konnt ginn[1]. Den 10. Juni 2014 huet d'Chamber dann eestëmmeg de Budget fir déi Aarbechten (maximal 34,2 Milliounen Euro) votéiert. Am Fréijoer 2015 hunn d'Aarbechten ugefaangen[2], déi bis September 2016 gedauert hunn[3]. Den 28. Juli 2017 waren och d'Aarbechten un der Ausfaart, mam Uschloss un d'N13, fäerdeg[4].
D'Opfaart zu Fréiseng an Direktioun Schengen blouf souguer, wéinst enger anerer Geriichtsaffär, bis de 6. Juni 2022 gespaart[5],[6]
De Film Autobahnraser gouf op der Saarautobunn gedréint, ier déi fir den normale Verkéier opgemaach gouf. Dofir gouf se kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert'.
Commons: Autobunn A13 (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.