Auguste Dutreux
lëtzebuergesche Jurist a Lepidopterolog / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joseph Auguste Dutreux[1], gebuer den 30. Juni 1808 op de Siwebueren[2], gestuerwen de 24. Abrëll 1890 zu La Celle-Saint-Cloud[3],[4], war e lëtzebuergesche Jurist a Lepidopterolog.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Auguste Dutreux | |
---|---|
Gebuer |
30. Juni 1808 Siwebueren |
Gestuerwen |
24. Abrëll 1890 La Celle-Saint-Cloud |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Lepidopterolog, Jurist |
Famill | |
Papp | Bonaventure Dutreux-Boch |
Mamm | Marie-Françoise-Ferdinande Boch |
Geschwëster | Eugénie Dutreux-Pescatore |
Kanner | Tony Dutreux |
Zoumaachen
Den 9. Mee 1836 gouf hie mat der Élisabeth Pescatore (1816-1907) bestuet.
Vun 1840[5] bis 1859 war hie "receveur général" vum Staat (direction de la caisse de l'État).
Den Dutreux war Grënnungsmember (1850) vun der Société des sciences naturelles, wou hien Tresorier (1851), duerno Sekretär (1852-1857) a schliisslech ee Joer laang President war (1858).
Hie war de Jong vum Bonaventure Dutreux-Boch (1775-1829) an de Papp vum Tony Dutreux.