Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Arche (oder Jupiter XLIII) ass e klenge Mound vum Planéit Jupiter.
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2002 J 1 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 22.931.000 km |
Periapsis | 16.992.000 km |
Apoapsis | 28.870.000 km |
Exzentrizitéit | 0,2588 |
Ëmlafzäit | 723,9 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,30 km/s |
Inklinatioun | 165,0° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ~ 3 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,8 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 31. Oktober 2002 |
Astronome vun der Universitéit vun Hawaii hunn den Objet den 31. Oktober 2002 entdeckt. Hie krut deen Ament d'Nummer S/2002 J 1. Säin offiziellen Numm Arche huet de Mound den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) kritt.
De Mound gouf no der Arche genannt, enger titanescher Mus.
Den Arche kreest a 723 Deeg, 22 Stonnen a 36 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 22.931.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2588. Mat enger Schréi vun 165,001° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound leeft géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
De Mound Arche gehéiert zu der Carme-Grupp well hien änlech Eegenschaften huet wéi de Jupitermound Carme.
Den Arche huet en Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass méiglecherweis aus Silikatgestengs opgebaut. Seng Uewerfläch ass däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,8m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.