Duechter vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Prinzessin Alix Marie Anne Antoinette Charlotte Gabrielle vu Lëtzebuerg, gebuer de 24. August 1929 um Schlass Bierg a gestuerwen den 11. Februar 2019[1],[2] um Schlass Beloeil, war dat jéngst Kand vun der Groussherzogin Charlotte an hirem Mann dem Prënz Felix. Si war d'Tatta vum Groussherzog Henri.
Alix vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
24. August 1929 Schlass Bierg |
Gestuerwen |
11. Februar 2019 Schlass Belœil |
Papp | Felix vu Bourbon-Parma |
Mamm | Charlotte vu Lëtzebuerg |
Geschwëster | Jean vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg |
Kanner | Michel de Ligne |
D'Prinzessin ass zesumme mat hire Gesëschter um Schlass vu Colmer grouss ginn. Wéi Lëtzebuerg 1940 vun der Wehrmacht besat gouf ass si mat hiren Eltere fir fënnef Joer an den Exil gaangen, a Portugal, Vereenegt Staaten, England an an de Kanada[3], wou si an engem kathoulesche College bei der Stad Québec studéiert huet.[4].
Si huet sech 1950 zu Lëtzebuerg mat dem Antoine de Ligne bestuet, deen aus enger adeleger belscher Famill koum. Den Antoine de Ligne war am Zweete Weltkrich Pilot an der R.A.F. gewiescht, a Member vun enger Expeditioun vu 17 Méint op de Südpol.
Si hunn am Schlass Beloeil an der belscher Provënz Hainaut gewunnt a krute siwe Kanner an 10 Kandskanner.
D'Prinzessin Alix gouf fir d'éischt Urgroussmamm de 5. Juli 2006 wéi de Barong Antoine Gillès de Pélichy op d'Welt koum. Dat ass de Bouf vum Barong Baudouin Gillès de Pélichy an der Prinzessin Elisabeth de Ligne.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.