From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Alain Meyer, gebuer den 21. November 1949 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Professer a fréiere Member a President vum Staatsrot.
Alain Meyer | |
---|---|
Gebuer |
21. November 1949 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
No senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch (1969, A latine), huet den Alain Meyer franséisch Literatur op de Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg an op der Universitéit vu Stroossbuerg studéiert. Am Kader vum Stage pédagogique fir Professer am Secondaire ze ginn, huet hien eng Thees iwwer den Albert Camus, journaliste face aux problèmes de l'Algérie geschriwwen an 1975 verdeedegt.
Bis zu senger Pensioun am Joer 2010 huet hie Franséisch an Instruction civique am Stater Kolléisch enseignéiert. Vun 1978 bis 1992 huet hien och Franséisch-Coursen op der Miami University John E. Dolibois European Center ginn.
1981 gouf hie Member an der LSAP.
Bei de Gemengewalen 1993 gouf hien an der Stad Lëtzebuerg an de Gemengerot gewielt, wou hien eng Rei Joren (vum 1. Januar 1994 un) Conseiller war.
De 15. November 1991 krut hien eng Nominatioun als Member vum Staatsrot, wou hien de Georges Thorn ersat huet. Den 18. Dezember 2006 gouf hie Vizepresident an den 1. Oktober 2007 President vum Staatsrot. Hien hat déi Funktioun bis de 14. November 2009.
Den Alain Meyer war vun 1983 bis 2004 Vizepresident vum israelitesche Consistoire zu Lëtzebuerg.
Commons: Alain Meyer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.