![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/34/Luxembourg_Bus_AVL_82.jpg/640px-Luxembourg_Bus_AVL_82.jpg&w=640&q=50)
AVL-Linn 22
Stater Buslinn (AVL) / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'AVL-Linn 22 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 7. Juli 2024 um Trajet P+R Bouillon - Hollerech - Stad - Areler Strooss - Stroossen, Primeurs an zeréck. Wéi d'Tramslinn T1 bis op d'Cloche d'or verlängert gouf, ass den Deel Cloche d'or - Gare, dee bis dohi vun der Linn 22 befuer gouf, obsolet ginn an ewechgefall. Vun der Gare bis op de P+R Bouillon huet d'Linn 22 den Deel vun der fréierer Linn 20 iwwerholl.
![]() | |
![]() E Bus vun der Linn 22 fiert an d'Arsenalstrooss eran (Mäerz 2017). | |
Hollerech - Stroossen | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Hollerech, P+R Bouillon 49°35'59,5986"N, 6°6'19,6265"O |
op | Stroossen, Primeurs 49°37'11,6256"N, 6°5'38,0461"O |
iwwer | Hollerech, Garer Quartier, Uewerstad, Belair, Stroossen |
Bustyp | Gelenkbus |
opgaang | 7. Juli 2024 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 7,045 km, 7,09 km |
Fuerzäit | 28 min, 29 min |
mëttel Vitess | 15,10 km/h, 14,67 km/h |
![]() |
D'Linn 22 huet 16 Halten um Aller an der 17 um Retour (inklusiv de Betribshalten). Se fiert vu méindes bis freides all 10 Minutten an de Weekend all hallef Stonn.
Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stroossen fiert d'Linn 22 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis an d'Rue des Primeurs zu Stroossen; se zielt net zu de Linnen, déi vum Mobilitéitsministère subventionéiert ginn.