AVL-Linn 20
Stater Buslinn (AVL) / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'AVL-Linn 20 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 7. Juli 2024 um Trajet Gare - Gare Rocade - Cloche d'or - Kockelscheier, Parc Luxite an zeréck. Wéi d'Tramslinn T1 bis op d'Cloche d'or verlängert gouf, ass de Reseau liicht ugepasst ginn an den Deel P+R Bouillon - Gare, dee bis dohi vun der Linn 20 befuer gouf, ass vun der Linn 22 iwwerholl ginn.
Séier Fakten Gare - Kockelscheier, Bedreiwer ...
![]() | |
Gare - Kockelscheier | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Lëtzebuerg, Gare Centrale 49°36'3,0503"N, 6°8'1,5562"O |
op | Kockelscheuer, Parc Luxite 49°33'24,95"N, 6°5'48,70"O |
iwwer | Garer Quartier, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Bouneweg-Süd, Gaasperech, Kockelscheier |
Bustyp | Gelenkbus |
opgaang | 7. Juli 2024 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 7.940 m, 7.550 m |
Fuerzäit | 20 min, 20 min |
mëttel Vitess | 23,82 km/h, 22,65 km/h |
![]() |
Zoumaachen
D'Linn 20 huet 13 Halten um Aller an der 11 um Retour; se fiert vu méindes bis freides all 15-30 Minutten.
Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Réiser fiert d'Linn 20 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis an de Parc Luxite op der Kockelscheier; se zielt net zu de Linnen, déi vum Mobilitéitsministère subventionéiert ginn.