![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7b/2018_LA-orbit.png/640px-2018_LA-orbit.png&w=640&q=50)
2018 LA
Asteroid / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 2018 LA (och als ZLAF9B2 bezeechent) war e klengen Asteroid vum Typ Apollo. Hien hat en Duerchmiesser vun ca. 2–3 Meter an ass den 2. Juni 2018 um 16:44 UTC (18:44 Uertszäit) no bei der Grenz tëscht Botswana a Südafrika an d'Äerdatmosphär agetrueden. Den Asteroid gouf nëmmen 8 Stonne virdru vun engem Instrument vum Mount Lemmon Survey entdeckt. Aus enger Observatiounsdauer vun 1,5 Stonne gouf berechent, datt den Objet mat enger 85 %-Chance d'Äerd treffe wäert. Mat der Entdeckung vum 2018 LA ass et erréischt fir drëtt Kéier gelongen, en Asteroid op enger Bunn ze fannen, op där hie mat der Äerd kollidéiert huet.
2018 LA | |
---|---|
![]() | |
Orbittyp | Apollo |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Grouss Hallefachs | 1,3764 ± 0,0017 A.E. |
Perihel – Aphel | 0,7820 ± 0,0002 – 1,9709 ± 0,0025 AE |
Exzentrizitéit | 0,4319 ± 0,0009 |
Inklinatioun | 4,2975 ± 0,0043 Grad |
Peridatum | 26. Juli 2018 |
Sideresch Ëmlafzäit | 589,8450 ± 1,101 a |
Mëttel Bunnvitess | ? km/s |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 2 – 3 m |
Mass | ? |
Albedo | |
Mëttel Dicht | ? |
Rotatiounsperiod | h |
Absolut Hellegkeet | 30,554 |
Spektralklass | |
Entdeckung | |
Entdecker | Mount Lemmon Survey |
Datum | 2. Juni 2018 |
Plaz | Mount Lemmon Observatoire |
Aner Bezeechnung | ZLAF9B2 |
Spéider krut d'American Meteor Society e Bericht, datt en Observateur am Botswana en helle Feierball gesinn hat.