(704) Interamnia
Asteroid / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den (704) Interamnia ass en Asteroid vun der baussenzeger Asteroidenhaaptceinture. E gouf den 2. Oktober 1910 vum italieeneschen Astronom Vincenzo Cerulli a sengem Privatobservatoire zu Teramo (Italien) entdeckt. Den Asteroid gouf nom anticke réimeschen Numm vun Teramo, Interamnia genannt.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 3.061 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1511 |
Sideresch Ëmlafzäit | 5 a 129 d |
Mëttel Bunnvitess | 16,9 km/s |
Inklinatioun | 17,29 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | (316 ± 5) km |
Rotatiounsperiod | 8,73 h |
Albedo | 0,074 ± 0,002 |
Absolut Hellegkeet | 5,9M |
Spektralklass | F |
Entdeckung | |
Entdecker | V. Cerulli |
Entdeckungsdatum | 2. Oktober 1910 |
Plaz | Abruzzen-Observatoire |
Aner Bezeechnungen | 1910 KU, 1952 MW |
Den Interamnia beweegt sech op enger Distanz vun 2,6 (Perihel) bis 3,5 (Aphel) astronomeschen Eenheeten a 5,4 Joer ëm d'Sonn; d'Exzentrizitéit ass 0,15. D'Bunn ass mat 17,3° staark géint d'Ekliptik gebéit.
Mat engem Duerchmiesser vu ronn 316 km ass den Interamnia de sechstgréissten Objet vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng donkel kuelestoffräich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,074. Observatiounen hu gewisen, datt d'Uewerfläch ongewéinlech beschafen a méiglecherweis stëbsfräi ass. A ronn 8 Stonnen a 44 Minutte rotéiert den Interamnia ëm seng eegen Achs.