![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2a/Kalliope_VLT.png/640px-Kalliope_VLT.png&w=640&q=50)
(22) Kalliope
Asteroid / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den (22) Kalliope ass en Asteroid vun der Haaptceinture.
![]() | |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,911 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1021 |
Sideresch Ëmlafzäit | 4 a 353 d |
Mëttel Bunnvitess | 17,4 km/s |
Inklinatioun | 13,70 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 181 km |
Mass | 7,37 × 1018 kg |
Mëttel Dicht | 2,03 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 4 h 9 min |
Albedo | 0,1419 |
Absolut Hellegkeet | 6,45 |
Spektralklass | M |
Entdeckung | |
Entdecker | J. R. Hind |
Entdeckungsdatum | 16. November 1852 |
Plaz | London |
Aner Bezeechnungen | 1938 CL, 1974 QT2 |
Den Objet gouf de 16. November 1852 vum John Russell Hind entdeckt.
Der Himmelskierper gouf no der Kalliope, der Mus vun der eepescher Dichtung, vun der Wëssenschaft genannt.
De Kalliope beweegt sech op enger Distanz vun 2,610 (Perihel) bis 3,21 (Aphel) A.E., a ronn 5 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 13,7° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,103.
De Kalliope huet en Duerchmiesser vun 181 Kilometer an ass domat ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. A 4 Stonnen an 9 Minutte rotéiert de Kierper ëm seng eegen Achs.
De Kalliope huet e Mound, dee Linus genannt gëtt. De Mound huet en Duerchmiesser vun 38 km a kreest ëm de Kalliope op enger kreesfërmeger Ëmlafbunn op enger Distanz vun 1065 km an 3,59 Deeg.