(20) Massalia
Asteroid / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den (20) Massalia ass en Asteroid vun der Haaptceinture.
Séier Fakten Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture Massalia-Asteroiden |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,4086 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1427 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 270 d |
Mëttel Bunnvitess | 19,1 km/s |
Inklinatioun | 0,7523 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 160 × 145 × 130 km |
Mass | zirka 5,2 × 1018 kg |
Mëttel Dicht | zirka 3,2 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 8,098 h |
Albedo | 0,2096 (± 0,030) |
Absolut Hellegkeet | 6,50 |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | Annibale de Gasparis |
Entdeckungsdatum | 19. September 1852 |
Plaz | Neapel |
Zoumaachen
Den Objet gouf den 19. Juli 1852 vum Annibale de Gasparis entdeckt.
Den Asteroid gouf onofhängeg vum franséischen Astronom Jean Chacornac am Observatoire de Marseille entdeckt. Massalia ass den antike laténgeschen Numm vun der Stad Marseille.
De Massalia beweegt sech op enger Distanz vun ongeféier 2,1 (Perihel) bis 2,8 (Aphel) A.E. an 3,7 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 0,71° schréi zu der Ekliptik an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,14.
Mat engem Duerchmiesser vun an der Moyenne 145 Kilometer gehéiert de Massalia zu de gréisseren Asteroide vun der Haaptceinture. En huet eng relativ hell silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,21. De Massalia rotéiert a ronn 8 Stonnen ëm seng eegen Achs.