From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Île de la Cité ass eng Banneninsel op der Seine an den eelsten Deel vun der franséischer Haaptstad Paräis. An der Noperschaft läit d'Île Saint-Louis.
D'Île de la Cité war schonn an der Antiquitéit bewunnt - fir d'éischt vun de Kelten a spéider (no 52 v. Chr.) als Zentrum vun der réimescher Muecht a Gallien. Schonn am 4. Joerhonnert stoung op der Plaz wou een haut d'Kathedral Notre-Dame vu Paräis gesäit, eng Kathedral. Wéi de Clovis I. aus dem Geschlecht vun de Merowenger Paräis am fréie 6. Joerhonnert zu der Haaptstad vu sengem Räich gemaach huet, stoung d'Île de la Cité nees am Mëttelpunkt.
1584 huet den Henri III. dräi suppeg Insele vun der ëstlecher Inselspëtzt matenee verbonnen, a si un déi grouss ugegliddert. Domat ass d'Fläch am Laf vun de Joerhonnerte vun ursprénglech 8 op am Ganze 17 Hektar eropgaangen. Sou konnt eng "kinneklech" Plaz d'Place Dauphine entstoen, an aus dem Verkaf vun den Haiser konnten d'Sue beschaf ginn, fir eng Bréck ze bauen, déi déi zwéin Uwänner vun der Seine matenee verbanne sollt. Déi sougenannt "Nei Bréck" (Pont Neuf) ass haut déi eelst Bréck vu Paräis, déi nach erhalen ass.
Haut huet op der Île de la Cité de Palais de Justice de Paris säin Haaptsëtz, geneesou wéi d'Policezentral.
D'Île de la Cité' ass op zwee Paräisser Arrondissementer opgedeelt, an zwar op den 1. an de 4. Paräisser Arrondissement. Grenzstrooss ass de Boulevard du Palais. Den 1. Arrondissement hëlt dobäi de westlechen Deel vun der Seineinsel an, de 4. den ëstlechen Deel.
Commons: Île de la Cité – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.