Atmosphär vun der Äerd
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Atmosphär vun der Äerd ass d'Loft déi d'Äerd ronderëm ëmschléisst. Et ass e Gemësch aus verschiddene Gasen, virun allem Stéckstoff a Sauerstoff. Edelgasen an aner Gase komme nëmmen a klenge Quantitéite vir.
D'Atmosphär ass ongeféier 700 km déck an den Iwwergank an de Weltraum (wou guer keng Loft méi ass) ass net abrupt. D'Gasdeelercher gi lues a lues ëmmer méi dënn bis si ganz verschwonne sinn.
Ouni d'Atmosphär wier d'Äerd sou wéi de Mound, et géif kee Waasser gi fir ze drénken a keng Loft fir z'otmen. Ausserdeem schützt si eis virun de Sonnestrahlen a virun Aschléi vu Meteoriten.