lëtzebuergeschen Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Yves Wengler, gebuer de 4. Abrëll 1963 zu Iechternach, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker. Hie war vun 2015 bis 2023 Buergermeeschter vun Iechternach.
Yves Wengler | |
---|---|
Gebuer | 4. Abrëll 1963 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Technesch Universitéit Kaiserslautern |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Hien huet 1982 seng Première am Iechternacher Lycée gemaach an ass duerno op Kaiserslautern op d'Universitéit gaangen, wou hien 1988 säin Diplom als Elektroingenieur krut[1]. Zu där Zäit war hie Sekretär an duerno President vun der Association nationale des étudiants ingénieurs luxembourgeois (ANEIL)[1].
Vun Oktober 1996 bis Juni 2023 war den Yves Wengler Member am Iechternacher Gemengerot. Tëscht Dezember 2005 a Februar 2009 war hie Schäffen a vun 2015[2] bis 2023 Buergermeeschter. No engem Koalitiounswiessel, als Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023, huet hie säi Mandat als Gemengeconseiller net ugeholl.[3]
Vu Juli 2001 bis Mäerz 2023 war hie President vum Syndicat intercommunal de gestion informatique (SIGI)[4].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.